Wëllkomm bei der Luxembourg Online Assistance

Assistance

Ech hunn mäin Passwuert vergiess

Dréckt op "Clientsberäicht" "Passwuert vergiess?" an suivéiert des Etappen

Espace client login

Ech kann mech net op mengem E-mail Konto umellen

Wann Dir Problemer beim aloggen hutt, iwwerpréift w.e.g. Folgendes:

Besteet eng Internetverbindung?

Falls net, maacht d'Iwwerpréift är Internetverbindung

Benotzt Dir dee korrekten Username an dat korrekt Passwuert?

An der Reegel besteet äre Username aus ärem Vir- an Nonumm.
Beispill: muller.celine
Falls Dir äert Passwuert vergiess hutt, schéckt eng Ufro fir et zeréck ze setzen andeems dir desen Link benotzt "Passwuert vergiess?" den sech an der Fënster ,,Espace Client" befënnt.

Versicht Iech unzemellen iwwer denClientsberäich op Internet.lu

Wann der Erfolleg hutt, leit den Problem un ärer E-mail Software.

Iwwerpréift déi op Ären Apparater gespäichert Passwierder (Laptop, Smartphone, Tablet etc.)

Et ass méiglech, dass eent vun de Passwierder falsch ass.

Wann dir den Cache vun ärem Browser eidel maacht an d'Cookies geläscht hutt, ginn d'Website-Astellungen (z.B. Username an Passwuert) geläscht.  

Iwwerpréift d'Astellungen vun ärer E-mail Software

Fir dëst, besicht d'Rubrik Wei kann ech meng E-mail Software konfiguréieren?

Wichteg:

No 5 Versich ouni Erfolleg, gëtt ären Konto aus Sécherheetsgrënn gespaart. 

Wisou ass mäin E-mail Konto gespaart?

No 5 Versich ouni Erfolleg, gëtt ären Konto aus Sécherheetsgrënn automatesch gespaart. Falls äre Konto reegelméisseg gespaart gëtt, liest w.e.g. déi folgend Informatiounen an fannt méi eraus iwwert méiglech Léisungen an Ursaachen. 

icone mot de passe erroné

Benotzernumm oder Passwuert falsch

Dir benotzt ee falscht Passwuert oder ee falsche Benotzernumm. De Benotzernumm besteet normalerweis aus ärem No- an Virnumm.
Beispill: muller.celine

Wann Dir äert Passwuert verluer hutt, maacht eng Ufro fir äert Passwuert zeréck ze setzen andeems dir folgende Link benotzt 'Äert Passwuert vergiess?'.

icone mauvais mot de passe

Dat gespäichert Passwuert ass falsch

Wann Dir äert Passwuert op engem Apparat (Computer, Tablett, Smartphone..) falsch aginn bzw. gespäichert hutt, kann dëst dozou féieren dass ären Konto gespaart gëtt.

Iwwerpréift suergfälteg är Apparater. Wann néideg, läscht déi gespäichert Donnéeën an gitt dat richtegt Passwuert an. 

icone mauvaise configuration

Problemer bei der Konfiguratioun vun der E-mail Software.

Benotzt Dir eventuell eng spezifesch Applikatioun wei Outlook, Windows Mail oder Thunderbird? Et ass méiglech, dass ee vun de Parameter falsch agestallt ass. 

Vergiesst net är Parameter ze iwwerpréiwen, den Detail fann Dir an dësem Artikel.

icone tentative piratage

Hackerversuch

Et ass méiglech, dass eng net autoriséiert Persoun probéiert huet op ären E-mail Konto zouzegräifen. 

muss komplex genuch sinn.

Wei änneren ech mäin Passwuert?

Wann der mam Webmail op internet.lu, dréckt op "Astellungen" > "Passwuert änneren".

Hinweis:

Wielt ee séchert Passwuert:

  • Et muss aus mindestens 8 Zeechen bestoen an soll mindestens ee grousse Buschtaf, ee klengen Buschtaf souwéi eng Zuel an een Sonnerzeechen. 
  • Et dierf net ären Numm oder Benotzernumm enthalen. 

Meng E-mailen ginn net richteg affichéiert

Gitt folgendermoossen fir:

Iwwerpréift d'Astellungen vum Affichage beim Webmail

  • Rendez-vous op www.internet.lu, dréckt op Clientsberäich an dann mell der Iech op ärem E-mail Konto un.
bouton espace client
  • Dréckt op Astellungen uewen riets.
  • Gitt ënnen op d'Säit an wielt Optiounen an wielt Keng.
  • Fir ze späicheren, dréckt op "Ännerungen späicheren".
page webmail

Ech hunn Problemer beim schécken/empfänken vun E-mails

Falls Dir Problemer beim schécken/empfänken vun E-mails hutt, iwwerpréift w.e.g. folgendes:

Funktionéiert är Internetverbindung?

Falls net,  iwwerpréift är Internetverbindung. .

Trëtt den Problem och beim Webmail (dëst bedeit wann dir Iech iwwer www.internet.lu umellt) oder trëtt et nëmmen bei ärem E-mail-Client (Outlook, Thunderbird, etc.) op?

Fir dëst ze iwwerpréiwen, mellt iech op Webmail un an probéiert d'Verschécken an Empfänken vun E-mails. Falls d'E-Mails no e puer Minutten korrekt geschéckt an empfaangen goufe, läit de Problem bei ärem E-mail-Client.  
Dir musst also  Konfiguratiounsastellungen vun ärem E-Mail-Client iwwerpréiwen..

Benotzt Dir de richtegen Benotzernumm an dat richtegt Passwuert?

Iwwerpréift w.e.g. unhand vum Dokument, wat Dir bei der Ouverture vum Kont krut, op Dir deen richtegen Benotzernumm an dat richtegt Passwuert benotzt. Falls Dir dëst Dokument verluer hutt, maacht eng Ufro fir ee neit ze kréien iwwer Online-Kontaktformular.

Iwwerpréift déi op ären Apparater gespäichert Passwierder

(Laptop, Smartphone, Tablette...) Et ass méiglech dass d'Passwuert op engem Apparat falsch ass wouduerch den Konto blockéiert gëtt. Iwwerpréift suergfälteg d'Passwierder. Läscht wann néideg, déi gespäicherte Donnéeë an gitt dat richtegt Passwuert an. 

Sinn d'Konfiguratiounsparameter vun ärem E-mail-Client korrekt?

Fir dëst, rendez-vous op eisem Site, ënner Wei konfiguréieren ech mäin E-Mail-Client.

Ass äert Postfach voll?

Verbannt iech iwwer ären Clientsberäich un. Falls äert Postfach voll ass, kenn der keng E-mails méi empfänken. Dowéinst muss der äert Postfach eidel maachen.
Fir des Situatiounen ze vermeiden, empfeelen mir Iech ëmmer mindestens 20% Späicherplaz als Reserv fräi ze halen. 

webmail lol boite mail pleine

Hutt der iwwerpréift op d'Email ee Sujet hat?

Wei konfiguréieren ech mäin E-Mail-Client?

Wielt eng Konfiguratioun:

Basis Astellungen

  • Posteingangsserver (POP): pop.internet.lu
  • Port: 110 / Verbindung ouni SSL
  • Postausgangsserver (SMTP): smtp.internet.lu
  • SMTP-Port: 25 oder 587 mat Authentifizéierung /Verbindung ouni SSL
  • E-Mail-Adress: Är E-Mail-Adress @internet.lu
  • DIVERSASSISTANCEEMAILS_120 äre Benotzernumm
  • Passwuert: äert Passwuert
contact assistance

Brauch méi Hëllef?

Eis Equipe steet bereet fir Iech ze beroden an all Är Froen ze beäntweren.

Kontaktéiert eis