Wëllkomm bei der Luxembourg Online Assistance

Assistance

Tutorial

Eng weider Léisung: Powerline Adapter-Kit

Powerline Adapter-Kit besteet aus zwou klengen Këschten. d'Iwwerdroung geschitt iwwert d'Stroumnetz. Den Adapter gëtt un den Router ugeschloss an iwwermëttelt d'Signal iwwert d'Stroumleitung. Do, wou den Internet gebraucht gëtt, muss der deen zweeten Adapter uschléissen. 

download upload
Pro
Dezent, immens einfach ze installéieren, d'Këschten kenne einfach an eng belibeg Steckdous ugeschloss gi. 
Kontra
D'Viraussetzungen vun der Effektivitéit ass eng gutt Elektroinstallation vum Gebai. 

Tutorial

Mesh-WLAN

Wei funktionéiert et?

D'Mesh-Architektur bedeit, äert Netzwierk gëtt vun den ënnerteneen ofgestëmmten bzw. verbonnenen WLAN-Statiounen konfiguréiert. Et besteet aus enger Zentral (Äre FRITZ!Box-Modem) an e puer Satellitenapparater (WLAN-Zougangspunkten, Repeateren, Powerline etc.) op den Zentralen Plazen vum Haus. 

Wat sinn d'Virdeeler?

Anescht wei bei engem hierkëmmlechen Netzwierk ass d'Mesh-Architektur méi effizient: D'Geräter sinn ënnereneen verbonnen, wärend bei dem hierkëmmlechen WLAN all Gerät nëmmen mat enger eenzeler Zentral verbonnen ass. Fält een vun den WLAN-Zougangspunkten aus, gëtt d'Kommunikatioun iwwer een aneren WLAN-Zougangspunkt ëmgeleet. 

En weideren groussen Virdeel: Jee no Positioun, verbënnt sech äert Gerät automatesch mat dem schnellsten Netzwierk. Mat dem Mesh-Netzwierk kenn Dir iwwerall an ärem Doheem een flächendeckenden WLAN-Reseau genéissen. D'Konfiguratioun ass zudeem immens licht! Deen ënnen gewisenen Schema visualiséiert d'Mesh-Netzwierk-Struktur. 

Virdeeler:

  • Immens einfach ze installéieren. 
  • Gläichméisseg an stabil Verbindungsfäegkeet. 
  • D'WLAN-Signal ass wesentlech méi staark. 
  • Vereinfacht Geréieren vun den ugeschlossenen Geräter. 
download upload

Kuerz Uweisung fir d'Mesh-Konfiguratioun

Déi meescht FRITZ!-Produiten vun AVM ënnerstëtzen Mesh. Fir d'Konfiguréieren vun ären Apparater, féiert déi ënnen beschriwwen Schrëtter aus. 

1. Aktualiséiert d'Firmware vun der FRITZ!Box. 
Mindestens FRITZ!OS 7 ass erfuerderlech.

  • Rufft d'Benotzeroberfläch vun der FRITZ!Box op, andeems dir an ärem Browser "fritz.box" antippt. 

2. Aktualiséiert är FRITZ!-Produiten. 

  • Nodeems äre Modem um neisten Stand ass, klickt op Heimnetz/Mesh. D'Geräter an ärem Heimnetz, déi mat der FRITZ!Box verbonnen sinn, ginn ugewisen. 
  • Féiert all empfuelen Updates aus, déi an der Heimnetzübersicht ugewisen ginn. 
guides lolTv minix

Dat war et schonns, Mesh-WLAN ass aktivéiert!
All Geräter, déi mat der FRITZ!Box verbonnen sinn, ginn an der Benotzeroberfläch mat engem Mesh-Symbol ugewisen. All zukünfteg FRITZ!Box-Produiten wäerten kompatibel sinn. 

Grondsätzlech Reegelen fir ee leeschtungsstaarken WLAN

Äre Modem sollt propper bzw. op enger zentraler Plaz stoen. 

Fir déi héchsten Signalstärkt ze garantéieren, sollt den WLAN-Modem an engem oppenen Raum ongeféier op der Héicht vun der Broscht placéiert sinn. Ee zouent Regal ass net ze empfeelen an leet och keng Géigestänn op den Modem. Denkt drun d'Gerät reegelméisseg vum Stepps ze befreien. 

download upload
download upload

Eliminéiert potenziell stéierend Faktoren

Bestëmmte Materialien, z.B. arméierten Beton, Zillen oder Marmor sinn typesch Barrièren déi d'Wellen nëmmen bedéngt duerchdréngen kennen. Vereenzelt Objeten wei z.B. drahtlos Geräter, Mikrowellen, Spigel, Aquarien oder souguer Girlanden kennen äert WLAN-Signal beaflossen. 

Gitt uecht, dass den Modem net direkt nieft esou Objeten placéiert ass. 

download upload

Awer w.e.g. net alleguer op ee Mol!

Wann vill Geräter gläichzäiteg mat ärem WLAN-Netzwierk verbonnen sinn, kann d'Internetgeschwindegkeet méi lues gi. Méi Downloads gläichzäiteg wäerten d'WLAN-Geschwindegkeet reduzéieren bzw. d'Leeschtungsfäegkeet senken. An dem Fall sollten all aktiv WLAN-Verbindungen, déi grad net benotzt ginn, getrennt gi. 

Iwwerpréift den Zoustand vun Ären Geräter. 

Hutt dir ee fonkelneien Modem, mee een alen Computer? Des kann d'Leeschtungsfäegkeet vun ärer WLAN-Verbindung beanträchtegen. Dat selwecht gelt fir déi mat Malware infizéiert Geräter. 

Benotzt déi neisten Geräter. Gitt uecht, des viru Viren ze schützen, andeems dir eng Anti-Virus-Software installéiert. 

Privilegéiert Ethernet

Féiert Dir eng Entreprise, sidd een iwwerzeegten Gamer oder hutt eng Tele-Aarbecht an braucht onbedéngt eng leeschtungsstaark Internetverbindung?Entscheet Iech fir d'Ethernet-Kabelverbindung! Anescht wei d'WLAN-Verbindung, bitt des eng stabil Internetgeschwindegkeet an een stabillen Datefloss. 

Iwwerpréift äre WLAN-Empfangskanal

guides wifi
guides wifi

Den Empfangkanal manuell änneren. 

download upload

Am Laf vun den nächsten puer Deeg kenn Dir observéieren, op d'Steierungen weiderhin optrieden. Sollt keng Verbesserung ze beobachten sinn, widderhuelt déi ganz Prozedur mat engem aneren Kanal. Wielt dobäi dee Kanal, deen am mannsten beluecht ass. 

Hiweis: D'Diagramm vun der drahtlosen Ëmgéigend weist Iech nëmmen déi aktuell Leeschtungsfäegkeet! D'Occupatioun vun engem Kanal kann se vun engem Dag op deen aneren änneren.

Séchert Äert WLAN-Netzwierk!

Et ass kee Geheimnis, dass eng Kabelverbindung méi sécher ass wei eng WLAN-Verbindung. Dohier ass et wichteg, Äert WLAN-Netzwierk ze sécheren. Dofir muss Dir d'Benotzeroberfläch vun Ärer FRITZ!Box opruffen. 

Ännert de Numm vun Ärem WLAN-Netzwierk. 
WLAN-Netz onsiichtbar maachen. 
Riicht ee Filter fir déi verbonnen Geräter an. 
Ännert d'WLAN-Passwuert.

Hei kenn Dir den Numm vun ärem Netzwierk änneren. Dréckt dofir op "Apply", fir d'Ännerungen ze späicheren. 

Dréckt op "Wireless radio network enabled" an uschléissend op "Apply". 

Dréckt op "Apply" fir d'Ännerungen ze späicheren. 

Passt op, dass Dir keng perséinlech Donnéeën ugitt, z.B. ären Nonumm. 

Fir d'Bäisetzen vun engem weideren Gerät, desaktivéiert des Optioun. 

Fir d'Bäisetzen vun engem weideren Gerät, desaktivéiert des Optioun. 

Passt op, dass Äert Passwuert komplex genuch ass. 

Tipp n°4: Wiesselt d'Funkfrequenz

Enner engem Frequenzband versteet ee bestëmmten Frequenzspektrum vun Funkwellen, op deenen ee Signal geschéckt gëtt. Déi meescht modern Modeme notzen automatesch nieft den gängegen 2,4-Gigahertz-Frequenzen och den 5-Gigahertz-Beräich. Béid hunn e puer Vir- bzw. Nodeeler. Bei enger Frequenz vun 5 GHz sinn d'Stéierungen awer sou gutt ewéi ausgeschloss. 

Äre Benotzerkomfort ass indirekt vun der Wiel vum jeeweilegen Frequenzband ofhängeg. 

Hiweis: Des gelt net fir all Geräter. 

2,4 GHz
5 GHz

Virdeeler

  • Héich Autonomie
  • Duerchdréngt besser verschidde Materialien.

  • Méi héich Vitesse bei der Iwwerdroung vun Daten
  • Méi resistent géigeniwwer Stéierungen

Nodeeler

  • Empfindlech fir Stéierungen
  • Méi lues

  • Geréng Autonomie
  • Net mat all Geräter kompatibel 

Sollt sech d'Verbindung net ausräichend verbesseren, läit d'Ursaach um Ëmfeld vum WLAN. 

Wat ass WLAN?

WLAN ass eng Ofkierzung an steet fir Wireless Local Area Network. Unhand vun der Transfertechnologie ass et méiglech, Geräter(Computer, Smartphone, Modem..) kabellos iwwer Funk ze verbannen. En ass haut iwwerall present, am Haus wei och op der Strooss.

Am Géigesätz zu enger Ethernet-Kabelverbindung variéiert d'WLAN-Leeschtungsfäegkeet jee no Ëmfeld. Andeems Dir e puer einfach Empfeelungen befollegt, kenn Dir d'Leeschtung vun ärem WLAN-Netzwierk verbesseren. 

Hei fann Dir sämtlech Tipps fir de beschtméigleche WLAN-Internet mat Luxembourg Online!

Dir hutt ee Problem? Mir hunn d'Léisung!

Mäin WLAN funktionéiert net. 

  1. Vergewëssert Iech, dass äert Gerät sech net ausserhalb der Reichweite vum Modem befënnt. 
  2. Stellt sécher, dass den WLAN op ärem Gerät an Modem aktivéiert ass. 
  3. Iwwerpréift den Numm vum Netzwierk (SSID) fir sécher ze goen, dass Äert Gerät mat dem richtegen Netzwierk verbonnen ass. 
  4. Stellt sécher, dass Dir d'Passwuert korrekt aginn hutt. 
  5. Iwwerpréift um FRITZ!Box Interface, dass Äert WLAN-Netzwierk op siichtbar agestallt ass. 
  6. Iwwerpréift, ob Ären Modem korrekt konfiguréiert bzw. ugeschloss ass. 
  7. Iwwerpréift um FRITZ!Box Interface, dass d'Bäifügen vun neien Geräter net blockéiert ass. 

Ech hunn d'WLAN-Passwuert vergiess. 

  1. Falls Dir d'Passwuert geännert oder verluer hutt, kenn Dir des mat Hëllef vun der Benutzeroberfläch vun Ärem Modem rëm zeréck setzen an erneit änneren. Suivéiert dofir Tipp #3: Séchert Äert WLAN-Netzwierk : wifi. D'Passwuert fann Dir am Beräich "Wireless".

D'Geschwindegkeet ass net zefriddestellend. 

  1. Befollegt dofir d'Tipps ënnert dësem Abschnitt.  Grondlagen fir ee leeschtungsstaarken WLAN.
  2. Test Är Kabelgeschiwndegkeet ënner www.speedtest.net.Feiert den Test u verschiddenen Deeg, u verschiddenen Auerzäiten duerch an vergläicht uschléissend d'Resultater mat Ärer WLAN-Geschwindegkeet. 

WLAN-Ausfäll

  1. Iwwerpréift Ären WLAN-Kanal (Iwwerpréift ären WLAN-Empfangskanal).
  2. Iwwerpréift ob d'Ënnerbriechungen och bei aneren Geräter optrëtt. 
  3. Falls Äre Modem iwwert ee Filter um Stroum ugeschloss ass, trennt den Modem vum Filter an schléisst den Modem direkt un d'Steckdous un ouni de Filter ze benotzen. Iwwerpréift nach ee Mol ob Dir eng Internetverbindung hutt. 
contact assistance

Brauch méi Hëllef?

Eis Equipe steet bereet fir Iech ze beroden an all Är Froen ze beäntweren.

Kontaktéiert eis