Wëllkomm bei der Luxembourg Online Assistance

Assistance

Festnetztelefonie

Wei kennen mir Iech hëllefen?

Leitungsausfall

Am Fall vun engem Leitungsausfall iwwerpréift w.e.g. Folgendes: 

Funktionéiert är Internetverbindung?

Wann net, dann  iwwerpréift är Internetverbindung..

Iwwerpréift op den Telefon richteg ugeschloss ass. 

Stiecht den Netzstecker vun ärem Telefon direkt an d'Steckdous. 

Wann Dir ee Filter hutt, versicht den Modem direkt un d'Telefonsbéchs unzeschléissen. Sollt den Problem behuewen sinn, ass äre Filter defekt. Bréngt dësen an den Buttek zeréck,  bei Bedarf tauschen mir en aus. 

Feiert den Test mat engem aneren Telefon duerch. 

Sollt den Problem behuewen sinn, ass Ären Telefon defekt. 

Iwwerpréift den Zoustand vun ärer Steckdous: 

  • Botzt ären Kabel an d'Steckdous. 
  • Schléisst un dëser Steckdous een aneren Apparat un an kuckt d'Resultat.
  • Versicht och den Modem un enger anerer Steckdous unzeschléissen. 
  • Benotzt weder ee Mehrfachstecker, eng Verlängerung, nach eng Multiprise an probéiert et erneit. 

Iwwerpréift den Zoustand vun ärem Kabel

En muss an engem Zoustand sinn, dëst bedeit weder geknéckt nach beschiedegt. Versicht den Test mat engem aneren Kabel duerchzeféieren an iwwerpréift dann, ob den Problem behuewen ass. 

Passt op, dass den Telefon net direkt nieft dem Modem placéiert ass. 

En kabellosen Telefon souwéi all anert Funkgerät kann d'Leeschtungsfäegkeet vun ärem Modem beanträchtegen. 
Den Ofstand tëschent den Apparater sollt mindestens 50cm hunn. 

Hiweis

W.e.g. denkt drun är Steckdousen reegelméisseg ze botzen. Den gesammelten Stepps kann d'Signalqualitéit beanträchtegen. 

contact assistance

Brauch méi Hëllef?

Eis Equipe steet bereet fir Iech ze beroden an all Är Froen ze beäntweren.

Kontaktéiert eis