Wei konfiguréiert een Internet oder MMS um Smartphone?
Gitt op
Rubrik Support, dréckt op "DATA/MMS" an suivéiert Schrëtt fir Schrëtt den Uweisungen
Wat muss ech maachen wann ech mäin Telefon verléieren oder geklaut kréien?
Kontaktéieren Iech sou schnell wéi méiglech
ons Helpline, domat mir är SIM-Kart spären kennen.
Am Fall vun engem Vol, muss Dir och eng Plainte bei der Police maachen. Denkt drun folgend Informatiounen ze preparéieren:
- - Är Telefonsnummer an den Numm vun ärem Operateur
- - D'IMEI-Nummer an d'Seriennummer (befannen sech op der Rechnung, um Apparat selwer, an/oder op der Verpackung)
- - Fabrikant, Faarf, Numm oder Modell vum Apparat an eventuell och geklauten Accessoiren,
- - Déi genau Ëmstänn vum Vol (Datum an Auerzäit, Zeien)
Kann ech meng al Handysnummer behalen wann ech een LOLMOBILE Abonement ofschléissen?
Jo, dëst ass méiglech. Wann Dir en LOLMOBILE-Abonement abonéiert, kenn Dir Iech dozou entscheeden är al Handysnummer ze behalen. Dëst nennt sech Rufnummernportierung.
Nodeems ech mäin PIN-Code 3 Mol falsch aginn hunn, ass meng SIM-Kart gespaart. Wat kann ech maachen?
Fir Är SIM-Kart ze deblockéieren muss der den PUK-Code aginn. Dësen befënnt sech op der Kart, op där d'SIM-Kart fixéiert war.
Nom Aginn vum PUK ass d'SIM-Kaart nees fräigeschalt.
Falls Dir den PUK-Code net méi hutt, besicht eisen Shop mat enger gëlteger Pièce d'identité oder
Kontaktéiert ons.
Wéi laang dauert et bis meng LOL-SIM-Kaart aktivéiert gëtt?
Är LOL-SIM-Kaart gëtt innerhalb vun 48 Stonnen aktivéiert.
Wei kann ech mäin Verbrauch suivéieren?
Dir kennt Ären Verbrauch zu all Moment suivéieren andeems Dir Iech bei aloggt.
Wat bedeit /60 an /15 ?
""Rythme de facturation 60'/15'" bedeit dass déi éischt Minutt vun engem Uruff ëmmer verrechent gëtt. Dono bezuel Dir all ugefaangen Minutt
"Rythme de facturation 60'/15'" bedeit dass déi éischt Minutt vun engem Uruff ëmmer verrechent gëtt. Dono bezuel Dir all ugefaangen véierel Minutt (also all 15 Sekonnen).