App LOLTV

An deenen leschten Joren huet Luxembourg Online eng rëtsch Hëllefsmëttel an Déngschtleeschtungen entwéckelt, déi ons Mataarbechter all Dag benotzen, fir fléissend tëschent der Aarbecht um Büro oder vun Doheem aus ze wiesselen. 

Des bewäerten Tools an Servicer hunn mer an eisem neien Service LOLHome Office gebündelt. 

Mat LOLHome Office kennt Dir ganz einfach äert Aarbechtsëmfeld ausserhalb vum Büro (z.B. Doheem) konfiguréieren an all är üblech Tâchen erfëllen.

Hei fann Dir eng Rëtsch un Tools, déi mir all Dag benotzen, mat deenen Dir souwuel vum Büro als och vun Doheem aus schaffen kennt. 

Kontaktéiert ons fir ären Forfait LOLHOME OFFICE ze konfiguréieren an ze personaliséieren.  Konfiguréiert Ären Forfait LOLHOME OFFICE

App LOLTV

LOLCLOUD PHONE

Mat LOLCloud Phone kenn Dir vun der Konfiguratioun vun Ärem Arbechtstelefon iwwerall profitéieren wou Dir eng High-Speed-Internetverbindung hutt. 
Ekipéiert ären Büro Doheem mat engem sécheren an professionellen Telefonsdéngscht iwwert den Internet (VoIP) mat ärer Büro-Telefonsnummer an ärer Extensioun. Den LOLCloud Phone Service ass komplett transparent an et wäert kengem opfalen, op Dir vun Doheem aus oder vum Büro aus schafft. 

Am Télétravail wéi um Büro.
All d'Funktiounen vun LOLCloud Phone sinn vun Doheem aus genau esou disponibel wei um Büro. 
Funktiounen
  • - Dial Plan
  • - Automatiséiert Weiterleitung
  • - Ëmleedung an Transfert vun Uriff
  • - BLF-Funktiounen
  • - Uriff an der Waardeschlaang
  • - Messagerie
  • - Musek an der Waardeschlaang
  • - ...
Plug & Play-Installatioun
Fir een Telefonsposten ze installéieren, geet et duer den Telefon mat Ethernet-Kabel oder iwwer WLAN mat der Box ze verbannen. 
Mir bidden Telefone un déi een iwwer WLAN benotzen kann, mee mir empfeelen trotzdeem déi verkabelt Versioun.
Geréiert Är Presenz
Iwwert ee vereinfachten an sécheren Login/Logout-System kenn Dir ären Telefon aktivéieren/desaktivéieren an esou déi privat/berufflech Zäit kloer trennen. 
Gestioun vun den Reuniounen
Mat dem integréierten Konferenzsystem erméiglecht den LOLCloud Phone Ierch d'Participatioun un Telefonskonferenzen. 

Kontaktéiert ons fir Ären Forfait LOLHOME OFFICE ze konfiguréieren an ze personaliséieren.  Konfiguréiert Ären Forfait LOLHOME OFFICE

App LOLTV

LOLCLOUD

LOLCloud erméiglecht Iech all Typ Dokument (Word, Excel, PowerPoint, Biller, Videoen, etc.) an engem privaten Beräich genannt "Cloud" ze späicheren. Op déi kenn Dir vun iwwerall mat Internetzougang zougräifen.

 Sécherheet
Är Donnéeë ginn sécher an Rechenzenteren zu Lëtzebuerg gespäichert an reegelméisseg geséchert.
Simplistesch
Extrem simpel ze bedéngen, funktionéiert des Léisung wei den Späicher op Ärer Festplack. Är Employéen musse keng zousätzlech Demarchen maachen fir un hier Dateien ze benotzen. 
Et geet schonn duer Iech mat Ärem Login unzemellen fir direkt Accès op all Är Dateien ze hunn. 
Flexibilitéit
LOLCloud kann mat e puer wéinegen Klicks op all Computer installéiert ginn an all kollektiv oder individuell Festplack konfiguréiert ginn, fir äre Besoinen gerecht ze ginn!
D'Späicherkapazitéit kann ouni zousätzlech Installatioun erweidert ginn, falls sech är Ufuerderungen änneren. 

Kontaktéiert ons fir Ären individuellen LOLHOME OFFICE-Package anzeriichten.  Konfiguréiert Ären Forfait LOLHOME OFFICE

App LOLTV

LOLMESSENGER

Dank eiser Direkt-Messenger, kenn Dir d'Kommunikatioun tëschent Ären Mataarbechter an d'Zesummenaarbecht erhieflech verbesseren.

Verbessert Produktivitéit

Méi praktesch an méi séier wei E-mailen. Duerch eisen Direkt-Messenger kenn Dir ganz einfach Gruppekonversatiounen starten, privat wéi och ëffentlech. 
D'Kanäl sinn sortéiert no Thematik fir d'Organisatioun an d'Produktivitéit ze fërderen. D'Konversatiounen souwéi d'Anhäng ginn automatesch gespäichert. 

Verbessert Kommunikatioun

- Duerch Audio- oder Videouriff, kenn Dir entweder mat eenzelen oder direkt méi Participanten gläichzäiteg diskutéieren. 
- Duerch den Anwesenheits-Status gesitt Dir d'Disponibilitéit vun Ären Mataarbechter an kennt sou hier an och Är eegen besser geréieren. 
- Duerch d'Notifikatiounen an Echtzäit gitt Dir ëmmer direkt iwwer Messagen informéiert. 

Einfach ze benotzen

LOLMessenger ass ee kompletten an privaten Messengersystem, deen Ären Ugestallten erméiglecht sech auszetauschen an zesummen ze schaffen an Echtzäit, onofhängeg wou se sech grad befannen. Eng einfach Verbindung iwwert ee Browser geet duer fir en direkten Zougang zu all ären Mataarbechter, Kanäl an Verleef vun den Kanäl.

Erhéichten Aarbechtskomfort

Mir empfeelen den LOLMessenger fir Froen/Problemer ze benotzen, déi keng direkt Äntwert brauchen. Sou kann een onnéideg telefonesch Ënnerbriechungen vermeiden an Dir hutt soumat méi Zäit, fir Iech op déi wichteg Aufgaben ze konzentréieren befiert Dir Iech em d'Froen vun deenen aneren këmmert. 

Kontaktéiert ons fir Ären individuellen LOLHOME OFFICE-Package anzeriichten.  Konfiguréiert Ären Forfait LOLHOME OFFICE

App LOLTV

LOLVPN

LOLVPN bitt Iech kontrolléierten an gesécherten Accès op de privaten Reseau vun Ärer Entreprise iwwert eng normal Internetverbindung, egal wou Dir grad sidd. 

Mat LOLVPN kenn Dir autoriséierten Mataarbechter sécheren Accès op den privaten Reseau vun der Entreprise ginn, wärend Sie vun Doheem aus schaffen. Mat den nämmlechten Berechtegungen wei um Büro. 

 Sécherheet
LOLVPN benotzt d'VPN-Technologie (Virtual Private Network) fir déi gesamt Kommunikatioun ze verschlësselen an den Accès op dat privat Netzwierk vun der Entreprise iwwer eng normal Internetverbindung ze sécheren. 
Produktivitéit
Mat LOLVPN kennen autoriséiert Mataarbechter sécher vun Doheem op all Dateien zougräifen, déi se fir hier Aarbecht brauchen. 

Kontaktéiert ons fir Ären individuellen LOLHOME OFFICE-Package anzeriichten.  Konfiguréiert Ären Forfait LOLHOME OFFICE