Iwwer Luxembourg Online

Entdeckt ons Geschicht

28 Joer

Luxembourg Online, gegrënnt 1995 ass een vun den Haaptoperateuren an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg. Spezialiséiert an der Fourniture vun Internet, Fix- an Mobiltelefonie, Fernseeën, Entwécklung vun Netzwierker an Applikatiounen. Luxembourg Online ass en Expert am Beräich Telekommunikatioun säit méi wei 25 Joer. 

Déi lëtzebuergesch Entreprise Luxembourg Online ass zu 100% an privatem Besetz an huet méi wéi 100 Employéen, verdeelt op 3 Sitten uechtert d'Land. 

Zum haitegen Zäitpunkt vertrauen iwwer 30 000 Privat, wéi och Professionell Clienten op Luxembourg Online. 

En wichtegen Reseau

Säit senger Entstehung, huet Luxembourg Online et sech als Ziel geholl, seng Clienten mat der bescht méiglecher Internetleeschtung ze beliwweren. 

Fir dëst ze maachen huet d'Entreprise massiv Investissementer am Beräich vun der Infrastruktur vum Internet getätegt, zemools am Ausbau vum Fiberreseau. Zudeem besetzt Luxembourg Online säin eegenen Internetreseau am Grand-Duché, deen quasi dat ganzt Land ofdeckt. 

D'Kart vun eisem Reseau kucken

Ons Wäerter

Luxembourg online huet sech als Entreprise fest um Lëtzebuerger Marché etabléiert. Gegrënnt virun 25 Joer ass d'Entreprise deen zweet eelsten Operateur an der Telekommunikatioun am Grand-Duché.

D'Elaboratioun an den Respekt vun den eegenen Wäerter vun der Entreprise sinn een essentiellt Element fir den Erhalt vun enger Entreprise. 

Zefriddenheet vun onseree Clienten

Dank eisen treien Clienten ass Luxembourg Online an den leschten 25 Joer enorm gewuess an dofir beméien mir eis ons Clienten kontinuéierlech zefridden ze stellen. Eisen méisproochegen Helpdesk, deen 7 Deeg an der Woch erreechbar ass, an eist kompetent Vertriebsteam steet eisen Clienten bei Problemer an Froen zu all Moment zur Verfügung. 

Onofhängegkeet

Luxembourg Online besetzt säin eegenen Internetreseau zu Lëtzebuerg an garantéiert onofhängeg d'Entwécklung, den Vertrieb an den Entretien vun sengen Produiten an Servicer. 

Expertise

Luxembourg Online war ee vun den Virreider am Beräich vum Internetzougang am Grand-Duché, d'Vertriebs- sou wéi d'Service-Ekippen sinn beschtens forméiert fir der Evolutioun vun der Telekommunikatiouns-Technologie gewuess ze sinn. 

Dateschutz

Well den Dateschutz bei der Benotzung vun ëmmer méi neien Technologien een ëmmer méi héijen Stellenwert anhëlt, verflicht sech Luxembourg Online, Benotzerdonnée weder ze benotzen, nach ze verbreeden oder ouni perséinlech Averständnis vum Client un Drëtt weiderzeginn. 

Eis Geschicht

Start vum Recording-Feature

D'Entreprise erweidert säin Service-Katalog em d'Télétravail-Solutioun: Home Office

Luxembourg Online feiert säin 25. Gebuertsdag!

2020

Start vun der 7-Deeg-Replay-Funktioun

2019

Start vun der LOLTV MOBILE-App

2017

Aféierung vun der Online-Aschreiwung

Aféierung vun LOLVISIO.

2016

Luxembourg Online feiert säin 20. Gebuertsdag!

2015

Aféierung vun Fiberverkabelung. 

2013

Aféierung vun LOLTV, eis Fernsee-Solutioun iwwer Internet. 

2011

Erhalt vun der UMTS-Lizenz. 

2008

Aféierung vum Mobikfunk LOLMOBILE. 

2007

Aféierung vun der Telefonie iwwert den Internet. 

2005

Aféierung vun Preselect-Verträg, fir Telefonskäschten ze senken. 

2004

Aféierung vum High-Speed Internet.

Aféierung vum Internet iwwert de Fernseekabel

2003

Erhalen vun der A-Lizenz

Aféierung vum "Pauschal-Internet" mat ënnerschiddlechen Packages (Internet "free free").

2001

Aféierung vun gratis, landeswäitem Internetzougang. 

1999

Aféierung vun der e-Commerce-Plattform

1997

Grënnung vun Luxembourg Online

1995